OLEFA: Virgänger vun Oli.lu zu Lëtzebuerg

Oli.lu ass den offizielle Nofolger vun OLEFA, enger Léierplattform déi mir viru langer Zäit erfonnt an entwéckelt hunn, an déi op Schoulwebsiten zu Lëtzebuerg an den 2000er Joren op sech opmierksam gemaach huet.
Op dëser Säit gëss de gewuer, wéi d'OLEFA Plattform entstanen ass, a wéi den Oli déi ursprünglech Konzepter vun der Léierplattform op e ganz neie Level bréngt.

Erfindung & Entwécklung

Den OLEFA Projet gouf zu Bierchem (Lëtzebuerg, Gemeng Réiser) Mëtt 2000 als e private Projet vum Oli.lu Entwéckler Jos Kirps gestart, ufanks war et e pure Content Management System (CMS) mat Datebank, Dateimanagement (Ressource Manager), Benotzermanagement an Tag (Script) Sprooch, fir d'Gestioun vun eege Website méi einfach ze maachen.

OLEFA official Logo
Den offiziellen OLEFA Logo, aktuelle Stand.
(© 2000-2021 Jos Kirps / WobbleWolf / Joopita Research)

De 9. Januar 2001 huet de Jos de Projet fir d'éischt ënner dem WobbleWolf Label (www.wobblewolf.com) op www.olefa.com verëffentlecht, zur selwechter Zäit sinn déi éischt Websiten online gaangen, dorënner den deemolege Website vu Mensa Lëtzebuerg (www.mensa.lu).

Ufanks 2001 krut Ka Communications (www.kacom.lu), eng Grafikagentur vu Lëtzebuerg, déi éischt Lizenz fir d'Distributioun, an déi éischt Websiten an Däitschland sinn online gaangen.

OLEFA fir Schoulwebsiten / Konzept fir d'Educatioun

Ufank 2001 huet den Oli.lu Erfinder Jos Kirps d'OLEFA Konzept fir Schoulen (Education Manifesto) geschriwwen, fir d'Software och an de Schoulen an op Schoulwebsite benotzen ze kënnen. De Jos huet den CMS ausgebaut, an zwar ëm eng Publikatiouns-Plattform fir Schüler (deen éischte Wiki, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf), an eng Online-Bibliothéik fir d'Schoulen.

D'Bildungskonzept gouf Enn 2001 (September oder Oktober) vum Jos Kirps am Kinosall vun der Schoul vu Crauthem presentéiert (Gemeng Réiser, Lëtzebuerg):

  • Mat der Publikatiouns-Plattform (OLEFA CMS & Wiki) sollten all Enseignanten a Schüler capabel sinn aktiv um Opbau an der Gestioun vum Schoulwebsite deelzehuelen, net nëmmen eng eenzeg zoustänneg Persoun oder e Grupp vun 'Experten'. De Schoulwebsite gëtt esou zu enger dynamescher Aarbechts- a Léierplattform.
  • D'Bibliothéik gëtt zu engem Wëssenszentrum, zu deem all Enseignanten a Schüler konstant iwwer de Schoulwebsite online Zougang sollen hunn.
  • Medien (Biller, Fotoen, Dateien, ...) sollten zentral online geréiert ginn (haut géif een dat 'Cloud' nennen).

Am September 2001 ass den éischte Schoulwebsite (www.roeserschool.lu) mat CMS, Bibliothéik a Wiki online gaangen, deen de Jos an der Summervakanz erstallt hat. Kuerz drop hunn aner Schoulen och groussen Interessi un den Tools gewisen.

EducDesign a Schoulwebsiten zu Lëtzebuerg

Nodeems OLEFA sech als Léierplattform an CMS erfollegräich beweise konnt a nodeems verschidde Schoulen zu Lëtzebuerg schon décidéiert haten d'Léierplattform an Zukunft op hire Schoulwebsiten ze benotzen, gouf d'Firma EducDesign Mëtt 2002 gegrënnt.

Enn 2002 krut EducDesign zu Lëtzebuerg vum Jos Kirps d'Lizenz fir déi fäerdeg Software an dat dozou passend Bildungskonzept kënnen ze verkafen.

De Jos gouf Chef vun der Entwécklung bei EducDesign, wou hien aner Tools erstallt huet, dorënner de WebBook, de Storyboard mat de Bots, de School Manager an de Fileserver. De Jos war den eenzegen Entwéckler vun der Software bis 2005.

Vun 2005 un goufe weider Entwéckler agestallt, de Jos koum mat Iddiën fir weider Moduler fir d'Schoulwebsiten an huet d'Entwécklung geleet, dorënner AFELO, Sound Recorder a Painter. Hien huet och den Tiparlo Projet geleet, d'Konzept vun dësem baséiert allerdéngs op engem fréiere Projet (TEO) vun der Uni Lëtzebuerg (deemols nach ISERP).

Am Mee 2008 huet de Jos EducDesign verlooss, nodeems hien d'Iddi vun enger wesentlech verbesserter Versioun vun der Léierplattform op Basis vun engem erweiderte Bildungskonzept net an der Firma duerchsetze konnt.

Vun einfache Websiten hin zur Oli.lu Léierplattform

Am November 2009 huet de Jos Kirps ugefaang e neit, erweidert Bildungskonzept ze entwéckelen, an ee Joer méi spéit huet d'Aarbecht un der Oli Léierplattform ugefaang. Oli.lu gouf den 15. November 2011 als ëffentlech BETA online gesat, d'Plattform gouf Enn 2013 offiziell gestart.

Am Géigesaz zu OLEFA gouf den Oli vun Ufank un als eng vollwäerteg Léierplattform geplangt, déi gratis an ouni Restriktioune benotzt ka ginn, a wou jiddereen e Kont opemaache kann ouni dass Gemengen a Schoulen dauernd héich Lizenzkäschte fir Schoulwebsite bezuele mussen.

Am Géigesaz zu sengem Virgänger gouf den Oli mat der Iddi entwéckelt, datt all Benotzer all Funktiounen ouni deier Formatioune kënne benotzen, an datt ee net op bezuelten Hëllef beim Erschafe vun neien Inhalter op de Schoulwebsiten ugewisen ass.

OLEFA and Oli.lu in Education

Oli.lu iwwerhëlt déi positiv Aspekter vun OLEFA, léisst aal, onnéideg oder ëmständlech Konzepter falen, a bitt gläichzäiteg vill nei Funktiounen.

Mëtt 2010 huet de Jos Joopita Research (www.joopita.com) gegrënnt, den aktuelle Bedreiwer vun der Oli Léierplattform. Joopita Research verdreift och e Software Nofolger ënner dem Numm ONO, deen dann rem d'Basis vun der Oli Plattform duerstellt.

Oli.education.lu

Zënter September 2016 bedreift den Educatiounsministère zu Lëtzebuerg seng eege Versioun vun der Oli Plattform ënner dem Numm Oli.education.lu, sou datt elo méi wéi 50,000 Enseignanten a Schüler automateschen Zougang op d'Léiertools hunn.

Morzino

Mat Morzino.com gëtt et och eng international Versioun vun der Oli Plattform, sou datt d'Oli / OLEFA Technologien elo och weltwäit disponibel sinn.

Insider-Wëssen

De Numm OLEFA staamt aus dem Joer 1995, wéi de Jos un engem GUI fir en OS Projet geschafft huet, deen awer ni realiséiert gouf. De Jos huet no engem frëndleche Numm gesicht, ähnlech wéi dem Commodore AMIGA, wéi hien en OLFA Cutter gesinn huet, deen hie benotzt huet fir Modeller ze bauen. Den Numm gouf duerno, 5 Joer méi spéit, fir de Projet recycléiert.

De Logo gouf vum Jos um Enn 2000 entworf. Ursprénglech goufen et 2 Versiounen, déi zweet war gespigelt. Zënter Mëtt 2001 gëtt just nach déi aktuell Versioun benotzt.

Déi éischt Versioun gouf op engem Apple iBook erstallt (éischte Modell vun 1999, Tangerine), e PowerMac mat LinuxPPC war am Ufank als Testserver am Asaz. Déi éischt Website goufen an Däitschland vun der Firma PageDesign GmbH gehost.

Den eelste Backup, dee nach existéiert, huet d'Versiounsnummer 1.0r2 (22. Januar 2001), e puer Dateie si vun Enn 2000. Den eelste Backup vun der offizieller Websäit ass vum Oktober 2001.

Et gouf en Easter Egg am Originalprogramm. Wann een dem Datebankmodul e bestëmmten, onokumentéierten Modus uginn huet, ass eng Foto vum Jos op der Websäit ugewise ginn. Den Easter Egg ass bis op d'mannst bis 2006 am Code bliwwen.

D'OLEFAbots, déi ursprénglech am Storyboard an am Tiparlo benotzt goufen, kommen aus dem 3D Animatiounsfilm 'Stag Wards' (www.stagwards.com), dee vum Jos am 1998/1999 erstallt gouf.

OLEFA 1.4 (2004), 1.5 (2005) a 6 (2006) goufe jeweils den 21. Juni, dem Jos sengem Gebuertsdag, verëffentlecht. Vun der Versioun 7 un ass déi einfach Nummeréierung no Joer a Mount iwwerholl ginn, fir de Versiounsdrock ze vermeiden.

Bis Enn 2008 enthalen all Versiounen d'Notiz 'Konzept & Design: Jos Kirps' an de Systeminformatiounen. EducDesign huet dës Notiz duerno geläscht.

Links

https://oli.lu//olefa/history/ - OLEFA History

https://lb.wikipedia.org/wiki/OLEFA - OLEFA Infos op Wikipedia

https://joopita.com/legacy/olefa/ - Info vun Joopita Research

https://www.olefa.com - OLEFA Infos vun EducDesign (Lëtzebuerg)

http://oli.education.lu

https://morzino.com

Fakten

Och 20 Joer nodeems d'Plattform ursprénglech entwéckelt gouf, zirkuléiere nach ëmmer (heiansdos verréckt) Geschichten a Rumeuren iwwer d'Software, a mir hoffen hei e bësse Kloerheet kënnen ze schafen:
Falsch: OLEFA gouf vun der Firma EducDesign erfonnt an entwéckelt.
Richteg: D'Software war schon erfollegräich a Betrieb laang ier et dës Firma gouf.
Falsch: D'Software war ursprénglech e Projet vum ISERP oder der Uni Lëtzebuerg, oder baséiert op Iddien vum ISERP oder der Universitéit.
Richteg: Et war e private Projet, zu kengem Moment war den Erfinder an den Entwéckler vun der Software (an dem Bildungskonzept) un irgendengem Projet vum ISERP oder Uni bedeelegt. D'Ausnam ass den Tiparlo Modul, deen eigentlech e Klon vun der TEO Software ass, dëse Modul awer méi spéit derbäi (2006).
Falsch: OLEFA gouf vum EducDesign op de Maart bruecht.
Richteg: De CMS gouf fir d'éischt ënner dem Label WobbleWolf op privaten a net-kommerzielle Website benotzt, duerno op Website an Däitschland (haaptsächlech Kënschtler a Firmen). D'Educatiounsmoduler an d'Schoulwebsite goufen méi spéit entwéckelt, a nach méi spéit krut EducDesign dann eng Lizenz.
Falsch: OLEFA gouf fir Schoulwebsiten an d'Educatioun entwéckelt.
Richteg: D'Software gouf ursprénglech fir privat Websiten, Veräiner a Firmen entwéckelt a gouf och fir d'éischt an dëse Beräicher agesat. Schoulwebsiten an Educatioun si réischt an enger zweeter Phas derbäikomm, an dës Entwécklung war ursprénglech guer net geplangt.
Falsch: D'OLEFA Bildungskonzept gouf vu Bildungsexperten entwéckelt.
Richteg: D'Bildungskonzept gouf vum Jos Kirps entwéckelt, deen zwar eng Ausbildung als Enseignant huet, sech allerdings ni als 'Bildungsexpert' bezeechne géif. Keng Bildungsexperten ware jeemools un der konzeptueller Entwécklung vum OLEFA Bildungskonzept (oder Oli) bedeelegt.
Falsch: D'Software gouf entwéckelt fir mat mySchool ze konkurréieren!
Richteg: D'Plattform war ursprénglech guer net fir d'Educatioun geduecht. Wéi de Jos Kirps dann dat pädagogescht Konzept an déi entspriechend Moduler fir Schoulwebsiten entwéckelt huet, war hie sech net bewosst datt mySchool! an der Entwécklung war. D'Entwéckler vu mySchool! wousste wahrscheinlech zu dësem Zäitpunkt och näischt vum Jos sengem Projet.
Falsch: Oli.lu gouf entwéckelt fir mat OLEFA ze konkurréieren.
Richteg: Oli.lu gouf vum OLEFA Erfinder als konzeptuelle Nofolger entwéckelt. Méi präzis: den Nofolger heescht eigentlech ONO, op deem den Oli baséiert. ONO gëtt och vun anere Projete benotzt.

Den Erfinder Jos Kirps

De Jos krut fir d'éischt eng gewësse Bekanntheet als Gittarist vun der Band Pagan Lorn am Museks-Underground zu Lëtzebuerg an den 1990er Joren, wärend hie gläichzäiteg als freelance Grafiker geschafft huet.
1998-1999 huet hie mat Stag Wards ee vun den éischten Amateur-3D-Filmer zu Lëtzebuerg réaliséiert.
Vun 2000-2001 huet de Jos OLEFA an dat passend pädagogescht Konzept entwéckelt, vun 2002-2008 war hie verantwortlech fir déi weider Entwécklung bei EducDesign.
2007-2008 koum en éischten internationale Succès (virun allem an den USA) mat der Galaxiki Plattform, déi och eng Rei Präisser gewonnen huet.
2009-2011 huet de Jos d'Oli.lu Plattform als Nofolger entwéckelt, zënter 2016 ass d'Versioun vum Educatiounsministère online, mam Morzino gëtt et eng international disponibel Versioun.
2010 war de Jos e Matgrënner vun Joopita Research, all Projete ginn am Moment ënner dësem Label bedriwwen.
Hien ass de Moment och verantwortlech fir de Jamplifier Music Projet (www.jamplifier.com).

Original website (2001)

OLEFA official original website
Déi offiziell, original OLEFA Websäit vun Ufank 2001. D'Software war u Ka communications lizenzéiert ginn, an et goufe nach keng Schoulwebsiten a keng Firma EducDesign, dofir awer e puer Schreiffeeler am Text.

Biller & Fotoen

First OLEFA Software
First trace of the project.
OLEFA on Apple iBook
The original iBook that was used for development, along with a newer MacBook running the Oli.lu BETA.
First OLEFA Software Code
Original BETA code can still be found on the iBook's hard drive, the domain www.wobblewolf.com is visible.
OLEFA inspired by OLFA Cutter
The original cutter that inspired the name "OLEFA" is still owned by Jos Kirps.
OLEFA Name Origin
The "OLFA" name that inspired the name.
OLEFA User Manual
The original User Manual, by Jos F. Kirps.
OLEFA powering WobbleWolf
The original WobbleWolf website from 2001, you can see the red OLEFA banner at the bottom.
OLEFA Software Banner
The original red OLEFA banner used on websites from 2001 until the mid 2000s.
Jos F. Kirps OLEFA Photo
The easter egg photo, showing creator Jos Kirps shortly before the invention of the OLEFA software and the education manifesto.