Blog

Direkt Links op Apps, Übungen, Dateien a Websäiten an der Virtueller Klass

19. Abrëll 2021, vum morzino

Vun elo un kënnen Enseignanten an der virtueller Klass direkt Linken op dacks benotzten Apps, Übungen, Dateien a Websäiten ënner "Aarbechtsblieder an Übungen" bäifügen. SchülerInne kënne esou séier Aufgaben an Übunge erëmfannen, déi se da regelméisseg widderhuele kënnen. Als Enseignant kanns du och Aufgaben zur Verfügung stellen, déi speziell un d'Besoins vun denger aktueller Klass oder der aktueller Unitéit ugepasst sinn.

Linken kënnen eenzel aktivéiert oder deaktivéiert ginn, sou datt Aufgaben, déi regelméisseg solle widderholl ginn, un- oder ausgeschalt kënne ginn. Du kanns och entscheeden, ob Links fir all SchülerInnen ugewise solle ginn, oder nëmme fir eenzel Gruppen.

Vill Spaass mam Update
Denq Equipe vum Oli

Nei Billerserie an Aarbecht...

6. Abrëll 2021, vum morzino

Mir hunn elo de nächste Set vu 500+ Biller fir d'Plattform gezeechent. Als nächst gëtt mat Touche nogezeechent, gescannt, an da faarweg gemaach, dat dauert also nach e bëssen... Déi definitiv Biller ginn ënner enger fräier Lizenz verfügbar gemaach, sou datt se ouni Limite weiderbenotzt kënne ginn.

Verbesserten Upload-Tool

1. März 2021, vum morzino

Haut hu mir eng nei Versioun vun eisem Upload-Tool agefouert, deen am Website Manager an den Online Project Manager Apps benotzt gëtt.

Dat neit Upload-Tool erlaabt eng Datei direkt op e Standard-Upload-Standuert ze späicheren, an déi gewielte Datei gëtt dann automatesch an e Paragraf derbäigesat.

Eroplueden an eenzel Dateien op Websäiten a Projete bäifügen sollten also elo vill méi séier a méi einfach ginn.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

Nei Kreativ Apps

15. November 2020, vum morzino

Mir hunn just eng nei "Konscht & Kreativitéit" Sektioun bäigefüügt mat fënnef neie kreativen Apps mat de Nimm "Sketch Art", "Color Mixer", "Mandala", "8 Bit", an "Guitar Fretboard".

Vill Spaass mam Update!
Däin Oli Team

Gudde Start an d'neit Schouljoer!

15. September 2020, vum morzino

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler, Elteren an Enseiganten e gudde Start an d'neit Schouljoer!

Iwwer d'Summervakanz hu mir ganz vill weider Verbesserungen un der Plattform gemaach, déi den Homeschooling och an Zukunft wäerte méi einfach maachen.

Och den Interface vun der Plattform gouf nach eng Kéier komplett iwwerschafft, sou datt de Site nach méi user-friendly ginn ass.

Weiderhi vill Spaass mat der Plattform wënscht
Deng Equipe vum Oli

History & Milestones

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.

Aarbechtsblieder

Generéier komplett konfiguréierbar Aarbechtsblieder, inklusiv Korrekturen

Aufgaben

Generéier komplett personaliséiert Exercicer, mat direkter Korrektur.
Späicher deng Exericer fir spéider, an deel se mat anere Benotzer.
120 + 53 =
173
75 - 18 =
65
Enseignante kënnen Exercicer mat de Schüler deelen an hir Fortschrëtter verfollegen.

Billerwierderbuch

2800+ fräi benotzbar Biller, inklusiv Suchmaschinn a Sazanalyse.

Virtuell Klass

Staark Online-Tools fir Schüler an Enseignanten.
Definéier Léierziler, publizéier Exercicer a verfolleg de Fortschrëtt vun de Schüler.
Geréier Aufgaben, Texter, Dateien, Portfolios an Online-Projeten
Publizéier e Klasse-Blog a bau eng Klassen-Homepage.

Web

Publizéier eng eegen Homepage, e Blog, an Online-Projeten.
Bau a geréier deng eegen, dynamesch Schoulwebsäit, ouni Programméier-Kenntnisser.

Geographie & Fändelen

Entdeck d'Welt a léier Länner, hir Fändelen an hir Geschicht kennen.

Geschicht

Léier méi iwwer Geschicht, Evenementer a wichteg Leit.