oli.lu e-Learning Platform News

Nei Web App: Rechnen mat Geld

9. November 2015, vum morzino

Ganz vill Leit hu sech dës App gewënscht, an elo ass se endlech do! Mat eiser neier App kanns de souwuel online üben, wéi och Aarbechtsblieder drécken. Wéi ëmmer komplett individualiséiert, mat direkter Online-Verbesserung respektiv Korrekturblieder. 

Et sinn direkt 5 verschidden Übungen dran: 

  • Geld zielen
  • Geld erausleeën
  • Geld zréck ginn
  • vergläichen
  • zesumme rechnen an ofzéien

Du kanns awer net nëmme mat Euroen, mee och mat anere Währungen üben. Am Moment sinn och schon US Dollar, Britescht Pond a Schwäizer Frangen dobäi, weider Währunge komme nach. 

Déi nei Web App fënns de hei:
http://www.oli.lu/apps/money/run/

Mir soe Merci fir all d'Verbesserungsvirschléi, zéck net eis ze schreiwe wanns de eppes fënns wat nach ka besser gemaach ginn!

Deng Equipe vun oli.lu.

update
oli

200+ Neierunge fir d'Rentrée !

15. September 2015, vum morzino

Am Laf vum läschte Schoulhoer hu mer immens vill Feedback a Suggestioune kritt, an dofir wëlle mer als éischt emol nach eng Kéier MERCI soen!

Iwwer d'Grouss Vakanz hu mer da versicht, e gudden Deel vun dëse Suggestiounen ëmzesetzen. Zënter Juli sinn esou iwwer 200 Verbesserungen um Site gemaach ginn, vu Bugfixes iwwer nei Optiounen bis zu ganz neie Funktiounen.

Eng Lëscht mat deene wichtegste Verbesserunge fënns de ënner oli.lu/​new.

Wanns de weider Suggestiounen hues, da kanns de eis gäeren en E-​mail schécken.

Mir wënschen dir e produktivt Schouljoer 2015/2016 a vill Spaass mat der neier Versioun vum OLI.

Deng Equipe vun oli.lu.

update
oli

De neien Design ass online!

31. Juli 2015, vum morzino

An deene läschte Wochen hu mer den Design vum Site nach eng Kéier komplett iwwerschafft - vun de Knäppercher iwwer eenzel Bildschiermer bis zum Haaptmenü.

De ganze Site ass dann och elo nach vill méi iwwersiichtlech ginn an et fënnt een alles besser erëm - dat huet virun allem och mam neie Menü ze dinn, dee komplett opgeraumt gouf.

Och dëse Blog ass dann elo nei, hei fënns de an Zukunft Informatiounen doriwwer, wat et um Oli.lu Neits gëtt. Bis zum Schoulufank am September komme nach eng ganz Rei Verbesserungen, virun allem gi vill Wënsch erfëllt déi vun Enseignanten aus dem ganze Land koumen.

Nach e bësse Gedold, mir schaffen drun…

update
oli