Blog

Rentrée 2018/2019

15. September 2018, vum morzino

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng gutt Rentrée fir dat neit Schouljoer.

Mir hu ganz vill Detailverbesserungen um Site virgeholl an hoffen, dass de Start mat alle neie Funktioune gutt klappt.

Um Oli.education.lu gëtt et elo fir all Enseignant automatesch eng eege, perséinlech Klass, déi iwwer déi ganz Carrière vum Enseignant bestoe bleift. Weider Infos dozou fënnt een am Hëllefs-Beräich vum oli.education.lu.

Vill Spaass mat der neier Versioun wënscht

Deng Equipe vum Oli

Schéi Vakanz!

15. Juli 2018, vum morzino

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Mir notzen dës Zäit fir weider Verbesserungen um Website ze maachen, déi da wäerten am September online goen.

Deng Equipe vum Oli

Datenschutz Update

25. Mee 2018, vum morzino

Am Freitag, den 25. Mai 2018, sind neue Datenschutzgesetze, die Verbrauchern mehr Kontrolle über ihre persönlichen Daten ermöglichen, in der gesamten Europäischen Union in Kraft getreten.

Wir haben in den letzten 2 Jahren hart daran gearbeitet, alle gesetzlichen Anforderungen zu erfüllen:

  1. Wir werden unsere Politik weiterverfolgen, nur ein absolutes Minimum an Daten und Benutzerinformationen zu sammeln und zu verarbeiten.
  2. In bestimmten EU-Ländern dürfen Nutzer unter 16 Jahren kein Konto mehr auf unseren Plattformen haben.
  3. Wir haben unsere Datenschutz- und Nutzungsbedingungen aktualisiert und bieten nun detaillierte Informationen darüber, wie wir Nutzerdaten erfassen und verarbeiten.
  4. Benutzer können nun ihre eigenen Daten im Datenschutzbereich anzeigen lassen.
  5. Für Benutzer ist jetzt viel einfacher, Daten oder Nachrichten, die sie gepostet haben, zu aktualisieren oder zu löschen.

Wir werden unsere Dienste weiter verbessern, um die Privatsphäre und Datensicherheit der Benutzer weiter zu verbessern.

Sie können uns kontaktieren, wenn Sie Fragen oder Vorschläge haben.

oli
update

Dräi nei Apps fir d'drëtt Trimester!

16. Abrëll 2018, vum morzino

Nodeems am zweeten Trimester gutt geschafft ginn ass*, ginn et elo als Belounung dräi nei Geschécklechkeetsspiller fir Grouss a Kleng, déi un déi gutt al Atari-Zäiten erënneren.

"Tennis" erënnert un de Klassiker PONG, wou ee géint de Computer spillt. Bei "Break Out" muss een Zillen ofschéissen, a beim "Schlaangespill" muss ee Stäre sammelen an oppassen, dass ee net mat der Schlaang arennt.

Déi nei Geschécklechkeetsspiller fënns de hei:

http://oli.lu/​elearning/​collections/​games/​

Vill Spaass domat wënscht
Deng Equipe vum Oli.lu

*) Et sinn iwwer 20.000 Aarbechtsblieder vu Januar bis Mäerz um Oli.lu generéiert ginn, dat ass e neie Rekord!

update
oli

Nei Sichmaschin ass elo online

31. Januar 2018, vum morzino

Mir si frou matdeelen ze kënnen, dass eis nei Sichmaschin elo online ass. D'Engine gouf komplett nei geschriwwen, se weist méi genee Resultater a se gouf weider fir mobil Geräter ugepasst. Déi wichtegst Ännerunge sinn:

  1. D'global Sich weist elo Verben, Vokabelen a Biller aus dem Billerwierderbuch un.
  2. D'Sich an der virtueller Klass geet elo an enger eegener Fënster op a sicht no Apps, Biller, Wierder, Verben, Länner, Texter, Dokumenter, Bloganträg, Aufgaben a Schüler.
  3. D'Billerwierderbuch weist elo och Wortschatztreffer un.

Mir hoffen, dass déi nei Sich d'Produktivitéit op der ganzer Plattform nach weider verbessere wäert.

Vill Spaass domat wënscht

Deng Oli Equipe

update
oli
History & Milestones

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.

Aarbechtsblieder

Generéier komplett konfiguréierbar Aarbechtsblieder, inklusiv Korrekturen

Aufgaben

Generéier komplett personaliséiert Exercicer, mat direkter Korrektur.
Späicher deng Exericer fir spéider, an deel se mat anere Benotzer.
120 + 53 =
173
75 - 18 =
65
Enseignante kënnen Exercicer mat de Schüler deelen an hir Fortschrëtter verfollegen.

Billerwierderbuch

2800+ fräi benotzbar Biller, inklusiv Suchmaschinn a Sazanalyse.

Virtuell Klass

Staark Online-Tools fir Schüler an Enseignanten.
Definéier Léierziler, publizéier Exercicer a verfolleg de Fortschrëtt vun de Schüler.
Geréier Aufgaben, Texter, Dateien, Portfolios an Online-Projeten
Publizéier e Klasse-Blog a bau eng Klassen-Homepage.

Web

Publizéier eng eegen Homepage, e Blog, an Online-Projeten.
Bau a geréier deng eegen, dynamesch Schoulwebsäit, ouni Programméier-Kenntnisser.

Geographie & Fändelen

Entdeck d'Welt a léier Länner, hir Fändelen an hir Geschicht kennen.

Geschicht

Léier méi iwwer Geschicht, Evenementer a wichteg Leit.