oli.lu e-Learning Platform News

Audio Recorder

22. November 2021, vum morzino

Vun elo un kënne SchülerInnen an Enseignanten hir eegen Tounopnamen direkt op der Plattform maachen.

Den integréierten Audio Recorder kann direkt iwwer de Mikro vun dengem Computer, Tablet oder Smartphone ouni zousätzlech Software ophuelen.

Du kanns fäerdeg Opnamen dann direkt op der Plattform späicheren a se an allen Tools benotzen, déi Audio-Elementer ënnerstëtzen.

Du fënns den Audio Recorder an der App Lëscht, an ass awer och direkt am Datei Manager disponibel.

De Recorder ass och direkt an d'Wuert- a Vokabellëschten integréiert, du kanns also elo fehlend Opnamen an de Lëschte selwer bäisetzen.

Hei kann een den Audio Recorder ausprobéieren:

https://oli.lu/elearning/-/audio_recorder/

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

Nei Ëmfro / Ofstëmm-Funktioun ass online!

15. November 2021, vum morzino

SchülerInnen an Enseignante kënnen elo hir eegen Ëmfroen um Oli erstellen an deelen.

Den agebaute Ëmfro-Editor erlaabt verschidden Zorte vu Sondagen ze kreéieren, vun einfache Votings bis zu Multiple-Choice Sondagen.

Ëmfroen an Ofstëmmungen kënnen ëffentlech gemaach ginn, se kënnen iwwer e Link gedeelt ginn oder un Frënn a Klassekomeroden iwwer däin eegene Microblog verdeelt ginn.

Ëmfroe kënnen och op Schoul- a Klasse-Website iwwer e neie Widget-Typ integréiert ginn.

Du fënns de neien Ëmfro Feature an dengem Haaptmenü, lénks direkt nodeems du dech ageloggt hues!

Vill Spaass mam Update

Deng Equipe vum Oli

Elo schon iwwer 40.000 Biller a Fotoen an eisem Bildwierderbuch

11. Oktober 2021, vum morzino

Nëmmen dräi Méint nom Start vun eiser Fotodatebank hu mir elo scho méi wéi 40.000 fräi verfügbar Fotoen indexéiert a se no Stëchwierder, Themen a Kategorien sortéiert.

All Fotoen sinn an eisem Bildwierderbuch integréiert, an eis Sichmaschin probéiert ëmmer déi relevantst Biller ze fannen.

Bal all Biller a Fotoen am Bildwierderbuch kënne vu Schüler, Elteren an Enseignanten fräi an hire Projete sowéi och zB op Aarbechtsblieder benotzt ginn.

Vill Spaass also mat eisem gratis Bildwierderbuch, a zéck net eis Feedback ze schécken!

Deng Equipe vum Oli

E gudde Start an dat neit Schouljoer!

14. September 2021, vum morzino

D'Oli Team wënscht alle Schüler, Elteren an Enseignanten en erfollegräiche Start an dat neit Schouljoer.

An der Summervakanz hu mir vill Verbesserunge vum Programmcode gemaach, wat d'Plattform nach méi séier a méi zouverlässeg mécht, a wat déi zukünfteg Entwécklung vun neie Funktiounen weider vereinfacht.

Vill Spaass an Erfolleg mam Oli och weiderhin wënscht
Deng Equipe vum Oli

Eege Wuertlëschten elo fir all Benotzer

28. Juli 2021, vum morzino

Vun elo un kënnen all Benotzer vun der Plattform - egal ob Schüler oder Enseignanten - hir eege Lëschte mat Wierder, Verben a Vokabele maachen an se dann an den e-Learning Apps vun der Plattform benotzen.

Virdru grouf et dës Optioun nëmme fir Enseignanten an de Virtuelle Klassen, elo kann all Benotzer dës Méiglechkeet direkt um Dashboard fannen.

Zousätzlech zu Lëschte kann een och Texter späicheren, an d'Plattform kann da mat e puer Klicks eege Wuertlëschte generéieren, déi een da benotze kann fir Aarbechtsblieder oder Online-Exercicer ze generéieren.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli