Mat dësem Update gi ganz vill Wënsch vu Schüler, Elteren an Enseignanten erfëllt.
Mir soe Merci fir äere Feedback a freeën eis op e produktivt Schouljoer 2017/2018.
Hei sinn déi wichtegst Neierungen:
|
|
Um ganze Site
 Den Design vum ganze Site gouf moderniséiert
 Nei Knäppercher a nei Icons maachen de Site méi iwwersiichtlech
 Am Menü gëtt et elo e Punkt "Nei", hei informéiere mir an Zukunft iwwer nei Funktiounen a Verbesserungen um Site
 De Site funktionnéiert elo nach besser op Smartphone an Tablet
|
|
|
|
|
Virtuell Klass
 Den Design vun der virtueller Klass gouf komplett iwwerschafft
 D'Unzuel vun den Apps gouf vun 20 op 12 reduzéiert, ouni awer op Funktionalitéit ze verzichten
NEI! Déi nei Klassebuch-App mecht d'Gestioun vun denger Klass nach méi einfach
 Du gesäis elo direkt um Dashboard wann e Schüler eng Aufgab fäerdeg huet, wann en Text muss verbessert ginn,
wann eng News nach net publizéiert ass oder wann zB eng Excuse feelt.
 Eng autoriséiert Klass fënns de elo direkt als bloe Knäppchen ënner "Meng Klass".
|
|
Schreibwerkstatt
 Mam Status gesäis du direkt, wann en Text muss verbessert ginn
 Administrativ Bréiwer kënnen elo direkt an der Schreibwerkstatt geréiert ginn
 Mat de neie Statistik gesäis de op ee Bléck, wéivill Texter deng Schüler produzéiert hunn
 Du kanns Texter elo och als PDF printen, ob Wonsch och mat Template/Logo
|
|
|
Medien, Dokumenter & Bréiwer
 D'Startsäit vun der App ass elo méi iwwersiichtlech
 Du kanns Verzeechnisser als Favoriten op d'Startsäit vun der App setzen
 Déi nei Datei-View ass vill méi iwwersiichtlech a méi informativ
|
|
|
NEI! Blog & Web
 All Web-Tools sinn elo an enger eenzeger App regroupéiert
 Am Blog kanns de elo e ganzt Biller-Verzeechnis op ee Coup auswielen
 "Meng Klass online" erlabt et, deng Klassesäit direkt um Oli ze publizéieren (Detailer weider ënnen)
 Am Website-Manager ginn et ganz vill Verbesserungen am Detail
 Online Publikatiouns-Tools wéi Wiki a Webbook fënns de elo och hei, an zwar ënner "Online Projeten"
 Ënner "Info & Hëllef" kanns de selwer Instruktiounen fir d'Publikatioun späicheren
|
|
|
Feeds & Diskussiounen
 E puer Verbesserungen am Detail goufe virgeholl
|
|
|
|
|
Wocheplang
 Du kanns fir all Aufgab Optiounen uginn (Buch, Heft, Dossier, etc...)
 De Numm vum aktuelle Wocheplang gëtt elo mat erausgeprint
 Progrès gi besser duergestallt (par rapport zum Dag virdrun)
 Beim Späichere vun engem Schüler kanns de eng Notiz maachen, déi dann am Klassebuch gespäichert gëtt
|
|
|
Zieler & Aufgaben
 E puer Verbesserungen am Detail goufe virgeholl
|
|
|
Evaluatioun & Portfolios
 E Bug gouf behuewen deen et heiansdos verhënnert huet, e neie Portfolio opzemaachen
|
|
|
e-Learning Apps
 D'Integratioun mam Klassebuch a mat aneren Apps gouf verbessert
 Als nei App ginn et elo d'MILA Biller (Detailer weider ënnen)
|
|
|
|
|
NEI! Klassebuch
 Dës komplett nei App bitt ganz nei Méiglechkeeten an iwwerhëllt awer och eng Rei wichteg Aufgaben,
déi een bis elo an den Astellunge fonnt huet
 Am Klassebuch kanns de vu Woch zu Woch bliederen an deng Stonnen, Aufgaben, Hausaufgaben an Absencen androen
 D'Klassebuch warnt, wann eng Excuse zu enger Absence feelt
 Abscencen kënnen zum Schluss vum Trimester fir all Schüler berechent ginn (dës Funktioun gëtt an Zukunft iwwer LuxTrust gesëchert)
 Am Klassebuch kanns du elo och deng Schüler, deng Fächer, däi Stonneplang an den Todos geréieren
 Du kanns deng eege Wierderlëschten geréieren, déi an Zukunft dann och an den e-Learning Apps kënne genotzt ginn
 Du kanns Notizen direkt am Klassebuch späicheren
|
|
|
Kalenner
 Du kanns eng grouss analog Auer uweise loossen
 Mam Timer kanns du e Countdown maachen, vun enger Minutt bis zu engem Evenement an e puer Joer
|
|
|
Meng Schoul
 E puer Verbesserungen am Detail goufe virgeholl
|
|
|
Bibliothéik
 D'Bibliothéik verlinkt wéi gewinnt op den edulibrary.lu
|
|
|
|
|
|
Schoulklass.lu / Klassen-Homepage
 Du kanns elo de Contenu vun denger Klass online setzen, ouni en eegene Website opzemaachen
 Du kanns deng eege Subdomain op www.schoulklass.lu wielen (zB "beispill.schoulklass.lu")
 Publizéier däin eegene Klasse-Blog mat News a Biller
 Setz Informatiounen a Form vun engem Wiki online
 Publizéier Fotoën an Dokumenter
 Schülertexter, déi an der Schreibwerkstatt geschriwwe goufen, kënnen automatesch publizéiert ginn
 Publizéier däi Stonneplang, däi Kalenner an deng Kontakt-Informatiounen
 Du kanns alles iwwer d'App "Blog & Website" an denger virtueller Klass configuréieren
|
|
|
|
|
Deng eegen Homepage
 Am perséinleche Profil kann een elo wielen, wat fir eng Informatiounen op der Homepage ugewise ginn
 Et gëtt elo eng personaliséierbar Säiteleescht
 De neien Editor-Modus mëcht et méi einfach, deng Homepage à jour ze halen
|
|
|
|
|
E-learning Apps
 Un deene meeschten Apps goufen eng Rei Detailverbesserunge gemaach.
|
|
NEI! MILA Biller
 Iwwer 1000 MILA-Biller sinn elo online, an du kanns se bequem no Titel duerchsichen
|
|
 |
Du hues Suggestiounen?
Wann dir e Feeler opfällt, wanns du eng Iddi hues fir eppes ze verbesseren oder
wann dir eng Funktioun feelt, dann zéck net fir eis ze schreiwen!
|
 |
Du wëlls eng Présentatioun vum Oli?
Du bass Enseignant a wëlls déi wichtegst Saachen um OLI eng Kéier gewise kréien?
Kee Problem, mir bidde Présentatioune fir Schoulen a Klassen un, wou mir och ganz vill Froe beäntwere kënnen.
Kontaktéier eis, wanns de interesséiert bass!
|
 |
Du brauchs Hëllef mat der virtueller Klass?
Eis Tools sinn esou gemaach, dass ee meeschtens selwer eens gëtt.
Trotzdem ginn et heiansdos Froen oder Problemer (oft och organisatorescher Natur), wou een net direkt weider wees.
Zéck net eis ze mailen, wanns de Froen hues!
|