| Elo gratis registréieren! |
BlogOli.education.luSeptember 14, 2016by jos
Déi offiziell nei Oli-Plattform vum Ministère ass elo online an ass fir all Schüler an Enseignanten aus dem Fondamental accessibel. Wanns du dech als Enseignant aloggs da gëtt deng virtuell Klass automatesch ugeluecht, an deng Schüler ginn aus dem Scolaria iwwerholl. Sou gëtt de Setup vun denger Klass elo nach vill méi einfach. An denger virtueller Klass fënns de wéi ëmmer Wocheplang, Schreibwerkstatt, Dokument-Management a villes méi. Hei kanns de och däin eegene Schoul- oder Klassewebsite bauen, deen dann iwwer d'Domain "schoul.lu" accessibel ass. Alogge kanns de dech mat dengem IAM Login, du brauchs allerdéngs dofir kee LuxTrust. All Donnéeën gi sëcher beim Ministère gespäichert, an de MENJE iwwerhëllt och de Support an d'Formatioune fir d'Plattform (Detailer kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no). Den oli.lu selwer bleift natierlech als Plattform fir de Grand Public erhalen - wanns de net am Enseignement schaffs, da kanns du de Site also och wéi gewinnt weider benotzen! Vill Spaass mam neie Site wënscht Deng Equipe vun oli.lu
|

