| Elo gratis registréieren! |
BlogIwwer 200 Verbesserungen a nei Funktioune fir d'Rentrée!October 26, 2017by jos
An de leschten 3 Méint hu mir vill um Oli geschafft, fir d'Plattform nach méi performant a nach méi benotzerfrëndlech ze maachen. D'virtuell Klass gouf komplett iwwerschafft, a mat der neier "Klassebuch" Web-App kanns du elo och Buch iwwer deng Aktivitéite féieren, Hausaufgaben androen, Absence notéieren, a villes méi. Deng eege Klass kanns du elo och ganz einfach um Oli publizéieren – mat News, Fotoen, Texter, Stonneplang, a villem méi. Dat klappt natierlech och, wanns du nach keng Schoul-Websäit um Oli hues. Eng Iwwersiicht iwwer all nei Funktioune fënns de hei: http://oli.lu/blog/news/201709/ All dës Neierunge si natierlech souwuel vum oli.lu wéi och um oli.education.lu disponsibel. Wanns du den oli.education.lu benotz, da gi wéi gewinnt deng Klass an deng Schüler am neie Schouljoer automatesch aus dem Scolaria iwwerholl. Vill Spaass a vill Erfolleg mam Oli wënscht weiderhin Deng Equipe vun oli.lu
|

