Elo gratis registréieren! |
BlogDe neien Design ass online!July 31, 2015by jos
An deene läschte Wochen hu mer den Design vum Site nach eng Kéier komplett iwwerschafft - vun de Knäppercher iwwer eenzel Bildschiermer bis zum Haaptmenü. De ganze Site ass dann och elo nach vill méi iwwersiichtlech ginn an et fënnt een alles besser erëm - dat huet virun allem och mam neie Menü ze dinn, dee komplett opgeraumt gouf. Och dëse Blog ass dann elo nei, hei fënns de an Zukunft Informatiounen doriwwer, wat et um Oli.lu Neits gëtt. Bis zum Schoulufank am September komme nach eng ganz Rei Verbesserungen, virun allem gi vill Wënsch erfëllt déi vun Enseignanten aus dem ganze Land koumen. Nach e bësse Gedold, mir schaffen drun…
|