| Elo gratis registréieren! |
BlogApp Update - KapprechnenFebruary 16, 2019by jos
D'Kapprechnen-App ass komplett nei geschriwwe ginn, baséirend op eisem neien App Framework 2.0. Géigeniwwer der Virgängerversioun ginn et vill Verbesserungen, déi wichtegst sinn: - Ennerstëtzt souwuel "a + b =?" wéi och "a +? = c". - Ennerstëtzung vu Klammeren. - Ennerstëtzung vu negativen Zuelen. - Du kanns Stellen direkt uginn. - Du kanns d'Unzuel vu de Froe fräi wielen. - Du kanns all Froen op einger Säit beäntweren, oder eng no däer anerer. - Konfiguratioune kënnen gespäichert a rëm geluede ginn. - Printen ënnerstëtzt d'Formater A4 (Europa) a Letter (US). Mir hoffen, dass alles wéi erwaart funktionnéiert - zéck net, eis bei Problemer oder Froen / Iddiën ze kontaktéieren! Mir hoffen, dass dir déi nei App gefällt. Deng Equipe vum Oli |

