Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Blog

Nei Funktioun 'Meng Famill'

March 21, 2019
by jos

Dës Woch hu mir déi nei Funktioun "Meng Famill" agefouert, mat där Familljen eng eege Grupp opmaache kënnen an Elteren och d'Konte vun hire Kanner geréieren an iwwerwaache kënnen.

Eltere kënne Familljegruppen opmaachen an aner Membere bei hir Famill bäimaachen. Ausserdeem kënne se och direkt Konte fir Kanner opmaachen, och wann dës nach keng eegen E-Mail-Adress hunn. Kanner kënnen d'Familljegrupp verloossen, soubal se 16 Joer al sinn an hir eegen E-Mail-Adress uginn hunn. Kanner kënne sech mat hire Konten umellen, soubal se 13 Joer al sinn (a bestëmmten EU-Länner 16 Joer).

Eltere kënnen d'Profilinformatioune vun hire Kanner gesinn an hir sozial Kommunikatiouns-Tools iwwerwaachen. Si kënne souguer d'Profildate vun hire Kanner läschen, Profilbiller ewech maachen a bestëmmte Kommunikatiouns-Tools desaktivéieren. Ausserdeem kënne sech Elteren och mat den Konte vun hire Kanner umellen, wann d'Kanner méi jonk wéi 16 Joer sinn.

Famillje kënnen eng eege virtuell Klass opmaachen, an där Elteren d'Übunge vun hire Kanner geréieren a Léierfortschrëtter verfollege kënnen.

Rollen (Schüler, Elteren oder Enseignante) kënnen elo direkt bei der Umeldung festgeluecht ginn. Nom éischten Umelle gi weider nëtzlech Informatioune bereetgestallt.

Vill Spaass mam Update

Deng Equipe vum Oli


Verbesserunge bei Privatsphär a Jugendschutz

March 08, 2019
by jos

Déi wichtegst Kommunikatiouns-Tools (Microblog, Frëndschaften, Chat a Messagen) kënnen elo fir all Konto getrennt aktivéiert oder desaktivéiert ginn.

Benotzer kënnen dës Funktiounen iwwer hir Kontosäit aktivéieren oder desaktivéieren, an Eltere kënnen dës Funktioune beispillsweis och fir hir Kanner spären.

Nëmmen Erwuessener kënnen dës Spären ophiewen, wärend Mannerjäreger e virgedréckten, vun hiren Elteren ënnerschriwwenen Autoriséierungsformulaire eropluede mussen.

Enseignante kënnen dës Funktiounen och fir all SchülerInnen iwwer d'Klassebuch-Applikatioun aktivéieren oder desaktivéieren.

Vill Spaass mam Update

Deng Equipe vum Oli


Blog a Website Update

March 02, 2019
by jos

De Blog-Modul ënnerstëtzt elo eis Standard-Kommentarfunktioun. Dat bedeit, datt registréiert Benotzer Blog-Posts an enger virtueller Klasse oder op enger Schoulwebsäit souwuel "like" wéi och kommentéiere kënnen. Denk drun, dass d'Kommentarfunktioun souwuel an denger virtueller Klass wéi och op denger Websäit manuell mussen aktivéiert ginn.

Mam "virtuell Klass" Website-Widget kënnen elo Inhalter aus bis zu aacht Klasse gläichzäiteg ugewise ginn. Dozou gehéieren och Blogbäiträg, Texter, Fotoen an aner Medien.

De Blog-Editor gouf och aktualiséiert, an et ginn elo direkt Links op all benotzte Verzeechnisser. D'Duerstellungs-Logik vum Galerie-Modul gouf och verbessert, an de Smartphone-Interface vum Blog-Editor a vum Media Manager goufe weider ugepasst.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli


Nei Zieler an Aufgaben App-Versioun

February 23, 2019
by jos

Mir hunn d'"Zieler an Aufgaben" App an der virtueller Klass an deene läschten Deeg komplett iwwerschafft. D'App huet elo en ähnleche Benotzerinterface wéi eis beléifte "Wocheplang" App.

D'App ënnerstëtzt elo déi selwecht Statusfortschrëttslogik, déis de och vläicht scho vun de Wochepläng hir kenns, an d'Usiicht vun de Schüler gouf entspriechend ugepasst. Statusännerunge kënne séier fir all Aufgaben-Tickets gläichzäiteg virgeholl ginn, an d'Statusfunktioun ass och direkt mat der allgemenger Fortschrëttslogik vun den Aufgabe verknäppt.

Den Dateimanager gouf verbessert an ënnerstëtzt elo direkt App-Exercicer. Dat funktionnéiert aktuell mat Apps, déi den App Framework 2.0 ënnerstëtzen.

D'Ticketusiicht ass elo och e bësse méi kleng, sou dass se besser op kleng Bildschiermer passt.

Mir hoffen, dir gefällt déi nei Versioun. Bedenk w.e.g., dass mir des App an de nächste Méint weider verbessere wäerten, a Feedback ass ëmmer wëllkomm.

Deng Equipe vum Oli


App Update - Kapprechnen

February 16, 2019
by jos

D'Kapprechnen-App ass komplett nei geschriwwe ginn, baséirend op eisem neien App Framework 2.0.

Géigeniwwer der Virgängerversioun ginn et vill Verbesserungen, déi wichtegst sinn:

- Ennerstëtzt souwuel "a + b =?" wéi och "a +? = c".

- Ennerstëtzung vu Klammeren.

- Ennerstëtzung vu negativen Zuelen.

- Du kanns Stellen direkt uginn.

- Du kanns d'Unzuel vu de Froe fräi wielen.

- Du kanns all Froen op einger Säit beäntweren, oder eng no däer anerer.

- Konfiguratioune kënnen gespäichert a rëm geluede ginn.

- Printen ënnerstëtzt d'Formater A4 (Europa) a Letter (US).

Mir hoffen, dass alles wéi erwaart funktionnéiert - zéck net, eis bei Problemer oder Froen / Iddiën ze kontaktéieren!

Mir hoffen, dass dir déi nei App gefällt.

Deng Equipe vum Oli


...
History & Milestones

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.
Advertisements
©2008-2019 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us