Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

FAQ

Muss ech e Benotzerkonto opmaachen, fir d'Apps op oli.lu notzen ze kënnen?

Dat hängt vun App zu App of. Bei deene meeschten Online Trainer muss een net ageloggt sinn. Aner Apps kann ee nëmme benotzen, wann een ageloggt ass, zum Beispiel wann een Online Contenu produzéieren a publizéiere wëll.

Virwat ass dëse Website och e sozialt Netzwierk?

Mir wëllen eng Plattform erschafen, op däer jiddereen säi Wëssen deelen a léieren an enseignéiere kann. Dës Visioun erfuerdert d'Méiglichkeet, sech ënnereneen vernetzen ze kënnen. Mir wëllen allerdéngs keng Facebook Kopie sinn!

Kann ech e Benotzerkonto opmaachen, wann ech manner wéi 13 Joer hunn?

Jo, das kanns de. Mir schaffen am Moment un enger Prozedur fir dëse Webseite COPPA-konform ze maachen, da mussen d'Kanner d'Erlabnis von hiren Elteren hunn - dës Funktioun soll gläich kommen.

Ass dëse Website eng sëcher Plaz fir Kanner?

All Kommunikatioun op dësem Website gëtt vun eise Site Robots iwwerwaacht - dobäi handelt et sech em eng Software, d.h. Noriichte gi nie direkt vu Mataarbechter gelies. Verdächteg Noriichte ginn da vun engem Mataarbechter iwwerpréift. Kuck der och eis Säit iwwer de Jugendschutz un, falls de weider Froen hues.

Kënnen Elteren de Benotzerkonto vun hire Kanner iwwerwaachen?

Mir schaffen am Moment un eher Monitoring-Funktioun, déi ass allerdéngs leider nach net prett.

Brauchs de Hëllef?

Du kanns eis per e-mail kontaktéieren wanns de seriö Problemer mat oli.lu hues oder wanns de technesch Problemer mam Website hues.
Kontaktéier eis w.e.g net bei einfache Froen, wanns de net virdrun op der Support Säit gekuckt hues:
Merci!
TutorialsKontaktFeeler mellen
Advertisements
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us