Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Wat ass nei um oli.lu ?

Rentrée 2015-2016

Mat dësem Update gi ganz vill Wënsch vu Schüler, Elteren an Enseignanten erfëllt. Mir soe Merci fir äere Feedback a freeën eis op e produktivt Schouljoer 2015/2016.
Hei sinn déi wichtegst Neierungen:

Um ganze Site

Den Design vum ganze Site gouf moderniséiert
D'Struktur an d'Menüs si komplett iwwerschafft, sou dass de alles méi einfach fënns
De ganze Site ass méi séier, well de Code weider optiméiert gouf

E-learning Apps

Den Design vun allen Apps gouf iwwerschafft

Eidel Aarbechtsblieder drécken

Du kanns elo eidel Blieder fir Tafelrechnunge generéieren
Du kanns lénks oder riets vun engem Blat eng Këscht fir Kommentare maachen (praktesch zB fir Texter oder Aufsätz)
Du kanns elo den Typ vum Blat och am 2te Schrëtt vun den Astellungen nach änneren

Rechnen

Du kanns elo och Kommazuelen üben (mat bis zu 3 Stellen)
Rechnunge mat Zehnerüberschreitung kënnen ausschalt ginn
Rechnunge kënne progressiv méi schwéier ginn
Op den Aarbechtsblieder gëtt elo dat richtegt Multiplikatiouns-Zeeche benotzt ("•" amplaz "x")
Rechnunge mat réimeschen Zuele gi méi iwwersiichtlech duergestallt
Du kanns elo och Hexadezimalzuelen üben

Tafelrechnungen

Du kanns elo och Kommazuelen üben (mat bis zu 3 Stellen)
Tafelrechnunge mat Zehnerüberschreitung kënnen ausschalt ginn
Verbessert Multiplikatioun um Korrekturblat

Aueren

Auere kanns de elo och online üben (bis elo ware just Aarbechtsblieder méiglech)
D'Auswiel vun den Optiounen ass elo méi einfach

Geometrie

Geometrie-Aufgaben kanns de elo och printen (bis elo war just online übe méiglech)

Rechemaueren an -haiser

Béid Apps elo och mat Kommazuelen (bis zu 3 Stellen)

Sproochentrainer

De Sproochentrainer ass elo a 4 verschidden Apps ënnerdeelt: "Wierder ofschreiwen", "Wierder verhalen a schreiwen", "Wierderzalot" a "Wierder sichen"
Du kanns elo Däitsch, Franséisch an Englesch üben
Et ass elo och méiglech Korrekturblieder ze drécken
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Verben

Du kanns elo Tipps/Hiweiser froen, wanns de e Verb net wees
Voll Ennerstëtzung vu Franséisch, Däitsch an Englesch als Sproochen
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Vokabelen

Du kanns elo Tipps/Hiweiser froen, wanns de e Wuert oder en Ausdrock net wees
Ausgangs- an Zielsprooch kënnen elo fräi gewielt ginn (Franséisch / Däitsch / Englesch)
Du kanns Vokabellëschten pro Lektioun elo als PDF drécken

Weltkaart a Fändelen

Bei béiden Apps kanns de elo entweder weltwäit oder no Kontinent sortéiert üben

Virtuell Klass

Den Design vun der virtueller Klass gouf komplett iwwerschafft
E neie Wizard hëlleft, wann deng Astellunge net richteg oder net komplett sinn
De neien "Tipps" Knäppchen erklärt der déi wichtegst Funktioune vu verschiddenen Apps
Informatioune ginn an deene meeschten Apps elo nach méi iwwersiichtlech duergestallt
Verbessert Duerstellung vun allen Informatioune wanns de als Schüler ageloggt bass

Feeds & Diskussiounen

Den Interface an d'Duerstellung goufen iwwerschafft
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Schreibwerkstatt

Menüs a Workflow si méi logesch a méi iwwersiichtlech
All Text huet elo eng "Timeline" mat alle Backups a Snapshots
Du kanns Texter elo a Kategorien andeelen
Kategorie kanns de hierarchesch organiséieren

Medien, Dokumenter & Bréiwer

Design an Interface goufen iwwerschafft
Benotzer kënnen elo Beschreiwungen zu Dokumenter (zB Fotoen) verfaassen
Zu all Dokument gëtt et elo e separate Feed fir Kommentaren ze schreiwen
D'Duerstellung vun der Gestioun vu Bréiwer gouf verbessert

Wocheplang

Du kanns Schüler elo och an der Säiteleescht uklicken
Am Editor kanns de e puer Aufgabe gläichzäiteg aginn
Am Editor kanns de Aufgaben vun engem Wocheplang an deen anere kopéieren
Als Enseignant kanns de Dokumenter pro Aufgab eroplueden
Den deegleche Fortschrëtt vun der Klass kann duergestallt ginn
Optiméierten HTML Code mëcht déi ganz App méi séier

Zieler & Aufgaben

Den Editor ass méi iwwersiichtlech
Als Enseignant kanns de Dokumenter pro Aufgab eroplueden
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Evaluatioun & Portfolios

Editor an Interface goufe weider vereinfacht
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Info & Hëllef

Dës App gouf komplett iwwerschafft, mat Hiweiser op Tooltips a Setup Wizard

Kalenner

Vakanzen a Feierdeeg vum Schouljoer 2015/2016 ginn elo ugewisen
D'Duerstellung vu Kalenneren an Events ass verbessert
Du kanns elo Kalenneren hierarchesch geréieren
Bäimaachen a geréieren vun Events gouf komplett iwwerschafft

Publizéieren

Wiki

Den Interface gouf weider vereinfacht
Nei Funktioun fir Paragraphe bäizemaachen ass vill méi iwwersiichtlech
Nei Layout-Funktioun mëcht den Opbau vu komplexe Säite méi einfach
Neien Demo-Contenu mëcht et méi einfach ze gesinn, wéi Paragraphe funktionnéieren
Nei Hëllefs-Funktiounen
Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen

Schoul- a Klassewebsite

D'Haaptsäit ass méi iwwersiichtlech
Neie File Manager fir Medien an Dokumenter
Eng ganz Rei kleng Features, déi vun Enseignante gewënscht goufen, sinn elo online

Du hues Suggestiounen?

Wann dir e Feeler opfällt, wanns du eng Iddi hues fir eppes ze verbesseren oder wann dir eng Funktioun feelt, dann zéck net fir eis ze schreiwen!

Du wëlls eng Présentatioun vum Oli?

Du bass Enseignant a wëlls déi wichtegst Saachen um Oli eng Kéier gewise kréien? Kee Problem, mir bidde Présentatioune fir Schoulen a Klassen un, wou mir och ganz vill Froe beäntwere kënnen. Kontaktéier eis, wanns de interesséiert bass!

Du brauchs Hëllef mat der virtueller Klass?

Eis Tools sinn esou gemaach, dass ee meeschtens selwer eens gëtt. Trotzdem ginn et heiansdos Froen oder Problemer (oft och organisatorescher Natur), wou een net direkt weider wees. Zéck net eis ze mailen, wanns de Froen hues!
Advertisements
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us