Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Entwéckel deng eegen Apps - II

Op dëser Säit fënns de all technesch Informatiounen déis de brauchs fir eng oli.lu App ze bauen.

App-Kompatibilitéit

Mir wëllen Applikatiounen ubidden, déi zu all OS (Windows, MacOS, Linux, ...) kompatibel sinn a mat alle wichtege Browser laafen (Firefox, Internet Explorer, Chrome, Safari ...). Test deng App mat all dësen Technologien, oder froe deng Frënn ob si deng App fir dech teste kënnen.

Vermeid Technologien déi Plug-ins op der Clientsäit brauchen (Flash, Silverlight, Java, ...). Apps, déi esou Technologien benotze ginn zwar akzeptéiert, mä se kënne niddreg Bewäertunge kréien wann et Problemer op verschidde Geräter ginn.

Dir kanns all HTML Version benotzen, mir recommandéier awer minimal HTML 4.x an CSS. Benotz wa méiglech HTML5 an CSS3, obwuel dat net obligatoresch ass. Benotz nëmmen HTML5 Funktiounen déi scho vun alle gréissere Browser ënnerstëtzt ginn.

Et ass net obligatoresch dass deng App validen HTML oder CSS Code benotzt, allerdengs ass dat ëmmer eng gutt Viraussetzung fir Problemer ze vermeiden.

App Sproochen

Du kanns all Sprooch als Stanardsprooch fir deng App benotzen. D'Sprooch déi de User am Moment op oli.lu benotzt gëtt iwwer d'Variabel "app_lang" un deng App iwwerdroen. Mir recommandéiere wa méiglech dës Sprooch beim Start vun denger App ze notzen.

App API

Apps ginn an engem <iframe> - Element op oli.lu duergestallt. Den Iframe start d'URL déis du am Entwécklerberäich uginn hues,mat e puer weidere Variablen.

Momenten ënnerstëtzt den API folgend Variablen:

app_lang=XX
d'Sprooch, déi am Moment vum Benotzer benotzt gëtt (en, de, fr, ...)

Déi komplett URL vun der App kéint esou ausgesinn:

http://www.example.com/path/to/my/app.html?app_lang=XX

Bedenk datt mer am Moment keen Hosting fir deng App ubidden, op d'mannst net zu dëser Zäit. Dëst bedeit, dass du en Server oder oder e Web Hosting brauchs fir deng Applikatioune kënnen z'installéieren.

App Code

oli.lu Apps kënnen entweder statesch HTML Säiten oder dynamesch "Web Applikatioune" sinn.

Wanns du mat stateschen HTML Dateie schaffe wëlls, da kanns de däi Lieblingsprogramm benotze fir deng HTML Säiten ze bauen, oder du programméiers einfach manuell. Du kanns och Javascript benotzen fir deng Web App méi interaktiv an attraktiv ze maachen.

Du kanns och dynamesch Web Applikatioune a Perl, PHP, Python, .NET oder all aner Sprooch schreiwen.

Eng Web App Säit kéint wéi dat folgendend Beispill ausgesinn (an dësem Beispill ginn zwee CSS Fichieren op oli.lu gelueden - dës kanns de benotze wanns de d'Optik vun de oli.lu Standard-Apps benotzen wëlls. Du kanns dës zwou Linnen ewechloossen wanns de däin eegene Stil benotze wëlls.

Bedenk dass all Apps op oli.lu eng UTF-8 Kodéierung benotzen. Du kanns och eng aner Kodéierung benotzen, mä dat kéint Problemer mat zukünftege Versioune vum API mat sech brengen

<html>
   <head>
   <meta charset="utf-8">
      <link rel="stylesheet" type="text/css" href="http://oli.lu/csr/css/cornelios.css" media="all">
      <link rel="stylesheet" type="text/css" href="http://oli.lu/csr/css/buttons/default/style.css">
      <style>
         a {color:#990000}
         h1,h2,h3,h4,h5,h6 {color:#990000}
      </style>
   </head>
   <body>
      YOU APP CONTENT HERE
   </body>
</html>

App Bildschierm Gréisst

D'Standardgréisst fir oli.lu Apps ass 920 * 480 Pixel. Dat gesäit relativ gutt op Desktop Computeren, Laptops an Tablets aus.

Bau keng Apps, déi eng Breet méi grouss wéi 920 Pixel brauchen, well se wahrscheinlech net approuvéiert ginn. Wann d'Héicht vun denger App méi wéi 480 Pixel ass, da gëtt eng Scrollbar am Iframe ugewisen. Vergiess net, datt d'Scrollbar wahrscheinlech deng App Breet ën 10 bis 20 Pixel reduzéiert, du muss also dofir suergen, datt denf App och mat 900px Pixel an der Breet leeft.

Design Spezifikatiounen

  • Optioun 1: Benotz de selwechten Design wéi d'Standard-Apps op oli.lu
  • Optioun 2: Benotz däin eegene coolen App Design
  • Onattraktiv Apps oder Apps déi bëlleg ausgesinn, sollten évitéiert ginn.

Wéi geet et weider?

Op der nächster Säit fënns de raus, wéis du deng App publizéiere kanns.

weider...

App rules

  • Make sure your app is useful and fits well on this site
  • Games, fun apps and utilities are also allowed
  • Make sure your app looks nice
  • Create a nice app icon (you may use our templates)
  • Create a nice app desciption
  • Translate your app into other languages (you may ask other people for help)
  • No misleading icons, descriptions or screenshots
  • No porn, nothing nasty, no illegal stuff, ...
  • Never ask for user information, passwords, signups, ...
  • Don't try anything nasty (cross site scripting, accessing information from oli.lu, ...)
Advertisements
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us