| Elo gratis registréieren! |
BlogDräi nei Apps fir d'drëtt Trimester!April 16, 2018by jos Nodeems am zweeten Trimester gutt geschafft ginn ass*, ginn et elo als Belounung dräi nei Geschécklechkeetsspiller fir Grouss a Kleng, déi un déi gutt al Atari-Zäiten erënneren. "Tennis" erënnert un de Klassiker PONG, wou ee géint de Computer spillt. Bei "Break Out" muss een Zillen ofschéissen, a beim "Schlaangespill" muss ee Stäre sammelen an oppassen, dass ee net mat der Schlaang arennt. Déi nei Geschécklechkeetsspiller fënns de hei: http://oli.lu/elearning/collections/games/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli.lu *) Et sinn iwwer 20.000 Aarbechtsblieder vu Januar bis Mäerz um Oli.lu generéiert ginn, dat ass e neie Rekord!
|

