Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Léier online mam oli.lu

einfach, séier a gratis!

Wichteg!

Dëst Joer (am Mee 2018) trëtt dat neit Dateschutzgesetz vun der EU a Kraaft.
Vun deem Moment un däerfe Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer zu Lëtzebuerg keen Account méi op engem Website oder enger App hunn ouni ausdrécklech Autorisatioun vun den Elteren. Dat betrëfft net nëmmen den Oli, mee och zB Facebook, Twitter, Instagram, Whatsapp, etc. Well et kaum méiglech ass déi (deelweis onkloer) Oplage vun der EU wat d'Kontroll vun der Autorisatioun Parentale ugeet ze erfëllen an d'Risiken domat ze grouss sinn, musse mir (wéi och vill aner Siten a Plattformen) leider de Login mat Passwuert fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer spären, a mir maachen dat ab März 2018. Et ginn awer och e puer gutt News:
  • Elteren an Enseignante kënnen den Oli wéi gewinnt weiderhi notzen, an all Funktiounen um Oli bleiwen erhalen.
  • All Funktiounen, déi ouni Login/Passwuert funktionnéieren, wéi zB déi meeschten e-Learning Apps an eist Bildwörterbuch, kënnen awer natierlech och weiderhi vu Kanner a Jugendleche genotzt ginn.
  • Kanner a Jugendlecher kënne natierlech e Login vun den Eltere benotzen, wann d'Elteren dat erlaben.
  • Falls du dech bei dengem Gebuertsdag geiert hues oder keen uginn hues, kanns de dat natierlech och nodréiglech änneren.
  • Kanner déi am Lëtzebuerger Enseignement sinn (Fondamental an/oder Secondaire) kënne sech weiderhi ganz normal um oli.education.lu aloggen an do och all Funktioune notzen. Enseignanten déi nach mat hire Kanner den oli.lu notzen, sollten also elo sou séier wéi méiglech op den oli.education.lu ëmklammen.

Jidderee léiert, jidderee kann enseignéieren - fänk elo un!

gratis e-learning Web Apps an Tools fir Schüler, Elteren an Enseignanten

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.

E-learning Web Apps

Üb a léier mat eiser grousser Collectioun vu coole gratis e-learning Apps.
Mathematik, Sproochen, Wësseschaften, Geschicht, Geographie a villes méi...

Léier & üb online

Üb online, mat direkter Verbesserung. Mathe, Verben, Vokabelen a villes méi!
Pass Deng Übungen un deng eege Besoins un.

Dréck Aarbechtsblieder

Dréck ugepassten Aarbechtsblieder direkt mat de Verbesserungen - GRATIS!
Pass deng Aarbechtsblieder un deng eege Besoins un.

Schoulweb & Bibliothéik

Bau däin eegene Schoulwebsite & Aarbechtsenvironnement. Geréier deng Online-Bibliothéik.
Einfach, séier, gratis & komplett upassbar.

Fir den Enseignant

Geréier Aufgaben, Texter an Dokumenter von denge Schüler an enger virtueller Klass.
Maach Websäiten mat Blogs, geréier Fotoen a publizéier Aarbechten.

Gratis!

Mir wëllen déi bescht an déi coolst Tools fir d'Educatioun ubidden, an dat 100% gratis!
Mir sinn eng A.S.B.L., maach en Don wann dir den oli.lu gefällt - Merci!
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2018 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us